arrow_back_ios
Key to Classics
Teamwork
Eng Anti-Beweegung géint alles, wat et bis dato an der Musek gëtt: sechs franséisch Komponisten hunn sech nom Éischte Weltkrich zesummegedoen, fir d'Musek nei ze erfannen. Kee Gesamtkonschtwierk à la Wagner, keng Spéitromantik wéi déi vu Mahler a Strauss, keen Impressionismus à la Debussy. De Jean Cocteau war de Spiritus rector vun dëser Equipe, déi als Groupe des Six an d'Geschicht agaangen ass. De Joachim Fontaine schwätzt iwwert e spannende Projet, deen nëmmen zwee Joer iwwerlieft huet.