arrow_back_ios
Key to Classics
Musek als Identitéitsfaktor
No de groussen Dramen, an deenen d'Mënsche mat der Gëtterwelt konfrontéiert sinn, gräift d'Oper am 19. Joerhonnert eng ganz aner Thematik op. Et ass d'Joerhonnert vun de Revolutiounen, déi de Kontinent geopolitesch veränneren. D'Musek gëtt de Spigel vun dëse Verännerungen. An der Oper sinn d'Fräiheet an den nationalen Houfert een Thema.