arrow_back_ios
Musica Sacra
Musek zum drëtten Advent
De Gottfried August Homilius ass ee Komponist, deen no sengem Doud relativ séier an de Vergiess geroden ass. Eréischt wéi d'Frauenkirche zu Dresden restauréiert gouf - déi Kierch, wou den Homilius 13 Joer laang als Organist geschafft huet - si seng Wierker op en neits entdeckt ginn. De Luc Boentges proposéiert dem Gottfried August Homilius seng Kantate zum 3. Advent "Frohlocke, Zion, dein Erlöser".