arrow_back_ios
Musica Sacra
D'Adventsmotett "Träufelt ihr Himmel von oben"
De Luc Boentges proposéiert d'Adventsmotett "Träufelt ihr Himmel von oben aus der Geistlichen Chormusik" Opus 90 vum Arnold Mendelssohn, ee Wierk an deem de Komponist seng Virléift fir d'Musek vum Heinrich Schütz zum Ausdrock bruecht huet. Do dernieft geet et ëm ee weidere Komponist, dee sech un engem vu sengem Virbiller orientéiert huet: de Louis Spohr mat sengem Opus 85, an deem e Psalmen am Stil vum Johann Sebastian Bach vertount huet.