Radioen

On air

Notturno  |  Elizeth Cardoso - Mulher Carioca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ One World

Episoden

Healing Music

Albi & The Wolves aus Neuseeland, den exoteschen Liniker aus Brasilien, dem Rodolphe Burger säi schéinen "Environs" bis zum Debut Album "Inner World" vum Dalai Lama

Summer Groove

De Summer 2020 groovt mat Neiverëffentlechunge wéi dem Skinshape säin Album "Umoja", mat der fetzeger Dance-floor Cadence vun 1978.

Inspiréierte Singer-Songwriting

Brandnei Diske vu Blake Mills, Cass McCombs, de ganz eegenen Univers vum Juan Wauters aus Venezuela an de post-humen Album vum Jason Molina.

Soft & Easy

Edson Natale, de brasilianesche Museker, Journalist, Schrëftsteller an och Museks-Manager stellt mat Âmbar säin neien Album vir.
headphones

55 min

play_arrow

Coup de Coeur "Environs" - Rodolphe Burger

Deen 9. Album "Grand Prix" vum Benjamin Biolay léisst all seng musikalesch a perséinlech Passiounen erkléngen an deen neie ganz poeteschen Opus vum Rodolphe Burger.
headphones

54 min

play_arrow

Mali Blues & more

Mama Sissoko verëffentlecht erëm en neien Album, "Soul Mama", d'Aktualitéite vu Monolithe Noir, Roy Ayers, Ali Shaheed Muhammad & Adrian Younge an och dem Bob Dylan!

soft & hard

Déi douce Pop vun Thousand, experimentell Kompositioune bei Chapelier Fou, de Goth-metal vu Paradise Lost hirem neien Album "Obsidian" ...

Lidder aus de Bierger an doriwwer eraus

Flow Job hiren Album "Lieder aus den Bergen": D'Innsbrucker Museker sëtze sech mat de Widderspréch vum alldeegleche Liewen ausenaner.

Lights in the dark

D'Flavia Coelho, d'Berber Kultur, mam Idir, de Mandala als Symbol bei Spain an e schéint Zesummekomme vu Géigesätz beim Isobel Campbell & Mark Lanegan

Different Moods

Dem Mama Sissoko aus dem Mali säin neie Solo Album "Soul Mama" - The Good Ones aus Rwanda - Aktualitéiten ë. a vun Other Lives, Miles Kane
headphones

55 min

play_arrow

Sweet Music

Nei Stëmmen aus dem Reggae, d'Kanadierin Lido Pimienta, deen neien Opus "Straight Songs of Sorrow" vum Mark Lanegan, traditionell Kläng aus Estland ...
headphones

55 min

play_arrow

Rock & more

Elektreschen Oud vu Speed Caravan, muskléiert Gittaren, spoken Word, virtuell Rees vum Bertrand Burgalat, neien Opus vum Benjamin Biolay an en neit Lidd vum Bob Dylan

Different Moods

Chet Faker, Tash Sultana an Dub Fx, dräi Artiste vu Melbourne, déi un onbeschwéiert Zäiten erënnere mat Kläng, déi vun der Sonn a vill Enthusiasmus geniert sinn.

Sei wachsam

Vun Zypern iwwer de Balkan, vu jonken Onbekannten zu etabléierten Artisten, dorënner de Reinhard Mey, deem seng Iwwerleeungen haut wéi d'Fauscht op d'A passen.

Decouverten!

Singer-Songwriting vun engem nach éischter Onbekannten, instrumental Kläng aus Kroatien, de Flamenco an de Fado aus der Siicht vun enger neier Generatioun ...

Stranded

D'Festsëtzen huet och säi Guddes: an de Museksarchiv wullen ze goen a sech all déi Artisten ulauschteren, an op déi mer eis an der Zukunft freeë kennen.

Weltenbummler

Beaflosst vu ganz ënnerschiddleche Stiler a Spillweisen a mat vill eegener Inspiratioun, dat ass wat déi Artisten, déi mir haut lauschteren, gemeinsam hunn.

Kleng Pärelen

De Groove Feeling aus de 60ies mat neien an eeleren Opnamen

Good Citizens

Kläng aus Westafrika, dem Femi Kuti säin Afro-Beat, de Matbegrënner vum Genre Tony Allen säin Album "Film Of Life", dem Moler Sigmar Polke seng Biller vum Blaudzun vertount ...
headphones

55 min

play_arrow

Les Nuits Botanique 2020

Wéi all Joer maachen d'Nuits Botanique zu Bréissel den Optakt vun der Festival Saison de 29.4.-10.5.2020. E Festival, à l'écoute ass vun neie jonken Artisten.
headphones

60 min

play_arrow