Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat gëtt d'Wuert vum Joer 2022? Reecht Är Proposen eran a gewannt flott Präisser!

Wat gëtt d'Wuert vum Joer 2022? Reecht Är Proposen eran a gewannt flott Präisser!

Wat gëtt d'Wuert vum Joer 2022? Reecht Är Proposen eran a gewannt flott Präisser!

U wat musst Dir denken, wann Dir un d'Joer 2022 denkt? Deelt eis bis den 12. Dezember mat, wéi ee Wuert oder wéi een Ausdrock fir Iech dat politescht, ekonomescht oder gesellschaftlecht Joer op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.

Aus all de Propose mécht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eng Shortlist, an där den Haaptkrittär d'Zuel vun den Nennungen ass. An aus där wielt dann e Jury d'Wuert vum Joer 2022. Am Jury sinn dëst Joer vertrueden: de Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy, d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, a jeeweils een/eng Vertrieder:in vum 100,7, vun RTL a vum ZLS.

Natierlech gëtt et och eppes ze gewannen: mat e bësse Chance kritt Dir ee vun 3 Bonge fir literaresch a kulturell Lëtzebuerger Produiten am Wäert vun 100 Euro. D'Lous entscheet!

De 27. Dezember gëtt d'Resultat vun der Wiel dann offiziell matgedeelt. Hei kann Är Propos eragereecht ginn: www.wuertvumjoer.zls.lu

Vill Gléck!