All Dag ee Concert: De virtuelle Concertssall

Concertssall

Op eiser Websäit 100komma7.lu 

 
En neie Concertssall mécht seng Dieren op!

All Dag proposéiert de radio 100,7 eng Concertsopnam vun engem lëtzebuergeschen Orchester oder Ensembel. Um Programm stinn ënner anerem d'Oper "Rigoletto" vum Giuseppe Verdi mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, dem Tolga Kashif seng "Queen Symphony" mat der Lëtzebuerger Militärmusek an den 3. Concert aus der Serie "Orient et Occident" vum Orchestre de Chambre du Luxembourg. 

Dës Live-Matschnëtter bleiwen no der Publikatioun fir zéng Deeg disponibel.

Lauschtert hei.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen