Triptyphon: dee leschten Episod vun der zweeter Staffel

Triptyphon ass d'Resultat vun engem dräifachen artisteschen Experiment: e Kettebréif tëschent engem Auteur, engem Schauspiller an engem Museker. All Artist huet eng Carte Blanche.
Den 29.12. huet Iech dës Kollaboratioun tëschent dem KulturKanal an dem radio 100,7 um 13:15 dee véierten a leschten Episod vun der zweeter Staffel vun de Podcasten heem an d'Stuff bruecht: e Lauschterstéck vum Xavier de Sousa, gelies vun der Tara Jaffar a mat Musek vun der Florence Kraus.
Eng Mëschung aus Poesie an Narratioun, déi ëm Friemenhaass geet an d'Gefill dozou ze gehéieren, en Deel dovunner ze sinn. Se ass erzielt vun engem portugiseschen, homosexuellen Awunner, deen zu London duerch verschidden Erliefnesser a Fakte Friemenhaass erkläert an erlieft.
Lauschtert déi dräi éischt Podcaste vun der zweeter Staffel:
08.12. Claire Thill, Andrea Hall & Filip Markiewicz
15.12. Catherine Dauphin, Magalie Texeira, Sascha Ley
22.12. Fabienne Hollwege, Leila Schaus, Serge Tonnar
Triptyphon ass kreéiert vun der Larisa Faber a vum Luka Tonnar ofgemëscht. D'Illustratioune si vun der Julie Wagener. Produzéiert gëtt Triptyphon vu MASKéNADA an anonyma, a Kollaboratioun mam KUK an dem radio 100,7.