Studentenjob fir d'Archiven

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg a gëtt am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de Service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit.
De radio 100,7 sicht een/eng
Student:in an den Archiven
Period vum 17. Juli bis den 11. August 2023
Tâchen:
- Inventaire maache vum physeschen Archiv
- Archivéiere vun internen Dokumenter
- Aktualiséiere vu Büro-Pläng an Equipementer
- Triage an Entsuerge vun alem Material
Den ideale Kandidat/Déi ideal Kandidatin
- huet op d'mannst 18 Joer an e Fürerschäin Kategorie B
- beherrscht déi lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch Sprooch
- kennt d'Grondlage vun AutoCAD
- ka sech gutt organiséieren an autonom schaffen
Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif a CV wgl. bis spéitstens de 5. Juni 2023 per Email un rh@100komma7.lu.
radio 100,7
21a , avenue J.F. Kennedy, L-1855 Luxembourg