Sech Zäit huelen um Sonndeg

relax - unsplash

De radio 100,7 ass och sonndes fir Iech do an zervéiert Iech e qualitativ héichwäertege Programm:
  
Mueres gëtt sech Zäit geholl fir Philosophie, Geschicht, Wëssenschaft a Kultur, mat engem eklektesche Programm, wou fir jiddwereen eppes dobäi ass.
Nei um Sonndeg ass de Panorama schonn um 9 Auer, an Noriichten vun 8 Auer un zu all voller Stonn.

Klassesch Musek ass vun 11:00-14:00 an owes vun 20:00-00:00 virgesinn, mat Invitéen, Matschnëtter vu Live-Concerten an och Live-Iwwerdrounge vu Saarbrécken.

Um 15:00 geet et weider mat Jazz a Swing: den New Cotton Club transportéiert Iech gemittlech duerch de Sonndeg Nomëtteg: Musek aus der gëllener Swing-Zäit mee och Smoothy Jazz a Big Band Musek vun haut.
 
All Detailer an de ganzen Iwwerbléck

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Panorama

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen