Schlofzëmmerbléck - A Snapshot of Luxembourg's Music Scene in Confinement

Schlofzemmerbleck LP

Eng Compilatioun mat 13 Lidder aus Lëtzebuerg
Iwwerall, wou ee Musek ka lauschteren


D'Schlofzëmmerbléck-Compilatioun: Am Confinement hunn 13 Lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler fir de radio 100,7 Lidder komponéiert an opgeholl. D'Resultat ass eng intim Momentopnam vun der Lëtzebuerger Zeen an där verréckter Zäit vun Abrëll a Mee 2020 vun Acts wéi Ryvage, C'est Karma, Napoleon Gold, Claudine Muno, Pascal Schumacher oder Francis Of Delirium.

D'Schlofzëmmerbléck-Compilatioun ass op alle Streaming-Plattformen disponibel a kann op Bandcamp oder als Vinyl bestallt ginn (fir 20€ + frais de port 5€) op info@100komma7.lu.

D'Plack ass och an dëse Butteker ze fannen:

An der Stad:

CD Buttek Beim Palais (16, Rue du Marché-aux-Herbes)

Extrabold (24, Avenue de la Liberté)

Casino forum d'art contemporain (41, Rue Notre-Dame)

Librairie Alinéa (5, Rue Beaumont)

Librairie Ernster (Cloche d'Or, Belle Etoile, Librairie Ville, City Concorde, All English Bookstore)

Zu Esch:

Vinyl Harvest (34, Rue Victor Hugo)

Librairie Diderich (2, Rue Victor Hugo)

Zu Ettelbréck:

Librairie Ernster (46, Grand Rue)

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen