31.5. Schengener Gespréicher

31.5. Schengener Gespréicher

D'Pandemie - vum Coronavirus ausgeléist - huet dem Commerce an der Groussregioun grouss finanziell Abousse bruecht. Mëttlerweil sinn d'Geschäfter nees op, mee vun enger ekonomesch gesonder Vitesse de croisière ass een nach wäit ewech. D'Fro ass och, wéi een déi Vitess nees erreecht. Muss den Handel, mee och de Konsument, ëmdenken, a Richtung lokal a regional Strategië respektiv Kafverhalen?

Doriwwer diskutéieren d'Sabine Ertz, SR2 KulturRadio an André Dübbers, radio 100,7 dëse Sondeg mat Vertrieder vum Handel, Konsumenteschutz an der Immobiliebranche.

D'Invitéë sinn d'Karin Basenach, Direktesch vum Centre européen des consommateurs CEC, de Carsten Meier vun der Industrie- und Handelskammer vum Saarland, de Claude Bizjak, stellvertriedenden Direkter vun der Confédération de Commerce CLC, de Fabian Schulz, Haaptgeschäftsführer vum saarlänneschen Handelsverband, d'Sonja Anton vun der IHK fir de Volet Immobilien a de Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre immobilière.

Schengener Gespréicher, dëse Sonndeg um 09:04 um 100,7.

Lauschtert hei

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen