30.1. Riicht eraus mat der Corinne Cahen

Corinne Cahen

D'Präsidentin vun der Demokratescher Partei ass dëse Samschdeg, 30. Januar, eis Invitée a Riicht eraus. Mat der Corinne Cahen schwätze mir iwwer den Ëmgank vu der DP mat der Monica Semedo, déi vum Europaparlament wéinst Mobbing sanktionéiert ginn ass. Mat der Ministerin geet och Rieds iwwer hire politesche Parcours an hir Regierungsressorten: d'Famill, d'Integratioun an d'Groussregioun. Moderatioun: Pia Oppel

Riicht eraus, 30. Januar vun 12h03 bis 13h.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen