19.9. Riicht eraus: Wouhi steiert d'Europäesch Unioun?

RER - EU

A wéi reagéiert d'EU op déi aktuell an zukünfteg Erausfuerderungen?

Doriwwer gëtt dëse Samschdeg diskutéiert a Riicht eraus mat de véier Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel (LSAP), Christophe Hansen (CSV), Tilly Metz (déi gréng) a Monica Semedo (DP).

No der Deklaratioun zur Lag vun der Europäescher Unioun vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen dës Woch, thematiséiere mir an der Emissioun d'Reaktiounen op d'Corona-Pandemie, d'Pläng fir d'Asyl- a Migratiounspolitik an déi geplangten nei Ziler an der Klimapolitik.

Moderatioun: Serge Kesseler
Riicht eraus dëse Samschdeg tëschent 12:00 an 13:00

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen