Wärend dem Confinement huet sech d'Kultur praktesch just virtuell ofgespillt. Elo sinn Kulturhaiser erëm op, awer mat Restriktiounen, déi d'Zuel vun de Visiteuren drastesch reduzéieren.
Op den drëtte Kulturassisen hu sech eng Rei Artisten d'Fro gestallt, ob si an hirem Métier weidermaache kënnen. An engem Communiqué fuerdert d'Initiativ Forum Culture(S), datt de "liewenswichtege Produit Kultur" e "Bien commun" gëtt.
Wéi steet et ëm de Besoin u Kultur zu Lëtzebuerg? Wéi wichteg ass se an der Zäit vu Corona? Wéi eng Revendicatiounen huet de Kultursecteur un de Staat? Féiert de Kulturentwécklungsplang an déi gewënschte Richtung? Wéi gesäit d'Realitéit um Terrain aus?
Fir op dës Froen Äntwerten ze fannen, sinn d'Kulturministerin Sam Tanson, d'Theaterregisseurin a Schauspillerin Myriam Muller an de Kënschtler Gilles Pegel Invitéen a Riicht eraus.
Moderatioun: Valerija Berdi
Lauschtert d'Diskussioun hei.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Wéi steet et ëm de Besoin u Kultur zu Lëtzebuerg? Wéi wichteg ass se an der Zäit vu Corona? Wéi eng Revendicatiounen huet de Kultursecteur un de Staat? Féiert de Kulturentwécklungsplang an déi gewënschte Richtung?
Wéi steet et ëm de Besoin u Kultur zu Lëtzebuerg? Wéi wichteg ass se an der Zäit vu Corona? Wéi eng Revendicatiounen huet de Kultursecteur un de Staat? Féiert de Kulturentwécklungsplang an déi gewënschte Richtung?
Wéi steet et ëm de Besoin u Kultur zu Lëtzebuerg? Wéi wichteg ass se an der Zäit vu Corona? Wéi eng Revendicatiounen huet de Kultursecteur un de Staat? Féiert de Kulturentwécklungsplang an déi gewënschte Richtung?