21.11. Riicht eraus: Nathalie Ronvaux, Susanne Jaspers a Guy Helminger

Nei Dynamik am Literatursecteur?

Eleng vum Schreiwe kann een zu Lëtzebuerg net gutt liewen. Trotzdeem ass d'Zuel vu literaresche Publikatiounen an de leschte Joren enorm an d'Luucht gaangen.

Literatur aus Lëtzebuerg gëtt am Ausland promovéiert, eng nei Associatioun vu Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller gouf elo gegrënnt, et ass eng Solidaritéit ze spieren, déi och vum Kulturministère ënnerstëtzt gëtt.

Wéi erliewen Autorinnen an Auteuren a Verlagshaiser dës Dynamik? Wéi fille si sech vun der Gesellschaft opgeholl a wat sinn hir Engagementer an hir Erwaardungen?

Et diskutéieren d'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux, d'Schrëftstellerin an Editrice Susanne Jaspers an de Schrëftsteller Guy Helminger

Moderatioun: Valerija Berdi
 
Lauchtert d'Diskussioun an eiser Mediathéik.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen