23.1. Riicht eraus mat der Blanche Weber

Blanche Weber

Wéi steet et mam ekologeschen Ëmdenken?

Nieft der aktueller sanitärer Kris ginn et aner Krisen, déi d'Liewen op dësem Planéit däitlech veränneren a weider verännere wäerten: De Klimawandel an d'Ausstierwe vun ëmmer méi Aarten. D'Wëssenschaft warnt, datt wäitreechend Mesuren néideg si fir d'Hausse vun den Temperaturen an de Réckgang vun der Biodiversitéit ofzebremsen.

Allerdéngs bréngen och Ëmweltschützer et net fäerdeg, e séiert Ëmdenken ze bewierken. Wat si Grënn dofir?

Ënner anerem doriwwer schwätze mer dëse Samschdeg a Riicht eraus: Invitée um 12 Auer beim Jean-Claude Franck ass d'Blanche Weber, zanter 18 Joer Presidentin vun der Ëmweltassociatioun Mouvement Ecologique.

Lauschtert de Riicht eraus mat der Blanche Weber.

Programm

Net verpassen

  • Am Gespréich: Chaild

    Chaild

    De Kënschtler iwwer säi Coming-out, seng Musekspläng a seng perséinlech Approche zur artistescher Kreatioun.

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen