24.10. Riicht eraus mam Dr. Jean-Claude Schmit

Dr. Jean-Claude Schmit

De Jean-Claude Schmit ass eng Schlësselfigur an der Lëtzebuerger Corona-Krisegestioun. Éier de Spezialist fir Infektiounskrankheeten 2016 Direkter vun der Santé gouf, war hien Dokter am CHL a spéider Chef vum CRP Santé, dem haitege Luxembourg Institute of Health.

Am Gespréich beliichte mir, wéi hien dës Zäit erlieft, viru wéi eng Defien d'Pandemie seng Administratioun stellt, wat hie sech vun den nächste Méint erwaart a wéi eng Léieren een aus der Kris kann zéien.

Moderatioun: Pia Oppel.

Lauschtert de Riicht eraus mam Dr. Jean-Claude Schmit hei.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen