9.1. Riicht eraus mam Claude Meisch

Zanter zéng Méint geheit Corona de Schoulalldag op d'Kopp ... a beräichert de Vocabulaire ëm e puer nei Wierder wéi Homeschooling, A/B-Gruppen a -Wochen, Enseignement en alternance. Et gëtt vill digitalen, awer och nach ëmmer Presenz-Unterrecht ... mat Mask, zwee Meter Distanz an oppene Fënsteren, fir genuch ze lëften.
Vill Diskussiounen, vill Kritik - an am Mëttelpunkt: den Educatiounsminister. An der Emissioun Riicht eraus steet de Claude Meisch dëse Samschdeg Ried an Äntwert, iwwer dat wat war, dat wat ass, an dat wat vläicht wäert sinn.
D'Schoul a Covid-Zäiten ass Haapt-, awer net eenzegt Theema am Gespréich mam Claude Meisch.
Moderatioun: Maurice Molitor
Lauschtert de ganze Riicht eraus hei.