13.02. Riicht eraus: Frank Wolter a Roger Schauls

D'Corona-Kris huet eemol méi gewisen, wéi wäertvoll de Bësch ass - fir erauszekommen an d'Natur a sech vum Stress ze erhuelen. Mee och de Bësch ass gestresst. Well de Bësch zu Lëtzebuerg ass an engem schlechten Zoustand. Wat sinn d'Grënn dofir? A wat si méiglech Léisungen?
Dës Froe stelle mir dem Frank Wolter, Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung an dem Roger Schauls vum Mouvement écologique.
Moderatioun: Pierre Reyland
Riicht eraus iwwer de Bësch, e Samschdeg, vun 12 bis 1, hei um radio 100,7.