Radioaktive Silvester mat Sensu, Gurl an Der Alte Jäger

Zäit fir en Takeout vum 100,7: Op eiser Antenn bréngen dräi DJen dëse Silvester vun 20:00 un d'Clubatmosphär bei Iech heem. De Sensu, d'Gurl an Der Alte Jäger bidden Iech mat hire Sets jee eng Stonn vun hirem Feinsten, vun House iwwer Elektro bis Ambient. Live an ongeschnidden!
"Ech wollt de Verlaf vun engem richtege Party-Owend nomaachen: Opwiermphas, Haaptdeel mat verrécktem Pop, a Cool-Down mat Ambient", verréit eis de Sensu iwwer säi Set. D'Gurl spillt eng Ofwandlung vun engem Mix, dee si fir e Bréisseler Radio opgeluecht hat, a vun deem si ëmmer fonnt huet, e wier net fäerdeg. Der Alte Jäger presentéiert als drëtten am Bond klasseschen House.
Lauschtert hei dem Marc Clement seng Gespréicher mat deenen dräi Plackenakrobaten.
Um Silvester-Owend vun 20:00 u kënnt Dir dann déi dräi DJ-Sets bei eis op der Antenn materliewen.