Mir sinn um Gudde Wëllen Open Air!

De Gudde Wëllen Festival.jpg

Freideg, den 18.06. héiert Dir am Nomëtteg bei eis am Programm Gespréicher mat Autumn Sweater, Great Mountain Fire a La Jungle virun hiren Optrëtter. Eise Simon Larosche suergt um Site vum Festival bis Mëtternuecht fir d'Afterparty.

Um Samschdeg, den 19.06. ass de Mike Tock schonn um 15 Auer hanner de Plackentelleren a preparéiert den Terrain fir Francis Of Delirium, Bartleby Delicate, Ice In My Eyes a Say Yes Dog.

An der Emissioun Espresso Beats de Samschdeg Nomëtteg vu 14:00-18:00 sinn all déi Gruppen invitéiert.

Den Dënschdeg 22.06. steet am Zeeche vum Hip-Hop - do sinn eis Spezialiste Rico Querin a Bobby Bieles als DJen am Asaz. An um Mëttwoch, 23.06. kënnt Dir den Andrea Mancini aus eiser Emissioun Palatino FM ënner sengem Kënschtlernumm Cleveland erliewen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen