250 Joer G. W. F. Hegel

Twitter_Template_1

An dësem Joer feieren net nëmmen den Dichter Hölderlin an de Komponist Beethoven e ronne Gebuertsdag, mee och de Philosoph Georg Wilhelm Friedrich Hegel, dee virun 250 Joer op d'Welt koum.

Grond sech de ganzen August iwwer mam Wierk vum Vertrieder vum Däitschen Idealismus ze beschäftegen, deem seng dacks schwéier verständlech Philosophie de Lukas Held a véier Deeler zougänglech maache wëllt an esou weise wëllt, datt dem Hegel säi Wierk och zwee Joerhonnerten no sengem Entstoen näischt u Faszinatioun an Aktualitéit verluer huet.

Schwéierpunkt Hegel, all Dënschdeg géint 9:40 an 13:40 an der Emissioun Prisma. 

Am éischten Deel de 4.8. geet et drëm, datt d'Welt Denken ass, esou mengt op d'mannst den Hegel.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen