27.02. Riicht eraus: Paulette Lenert

Virun engem Joer - den 29. Februar 2020 - gouf hei am Land den éischte Covid-Fall confirméiert. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert war deen Ament nach kee Mount am Amt.
Mat der LSAP-Politikerin schwätze mir awer net just iwwer den aktuelle Verlaf vun der Pandemie. Schwéierpunkt ass d'Gesondheetspolitik méi allgemeng. Vill Dossiere si wéinst der sanitärer Kris an d'Hannertreffe geroden, dorënner de Gesondheetsdësch an d'Cannabis-Legaliséierung. Lauschtert d'Emissioun hei.
Moderatioun: Pia Oppel
Riicht eraus mat der Paulette Lenert, e Samschdeg, vun 12 bis 1, hei um radio 100,7