Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Them Lights - Crimson Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Programmchef/fin mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Programmchef/fin mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Programmchef/fin mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg a gëtt am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit.

Fir sengem ëffentlechen Optrag gerecht ze ginn, entwéckelt de Radio säi Programm permanent weider, souwuel um Radio wéi mat neien digitale Formater, fir esou vill Leit wéi méiglech mat zouverlässegen Informatiounen an enger breeder kultureller Offer ze erreechen. An dësem Kader sicht de radio 100,7 säin/seng neie/nei

Programmchef/fin

Fir dës kreativ Féierungspositioun siche mir een/eng Kandidat/in, deen/déi d'Potenzial vu Medien - am spezielle vu Radio an Audio - erkennt, fir de Mënschen hiert Liewen ze beräicheren, hinnen eng Fënster op eng méi grouss Welt unzebidden, hinnen eng Begleedung am Alldag ze sinn a fir si ze ënnerhalen. Hutt Dir kreativ Iddien, déi dem 100,7 seng Programmoffer op den nächsten Niveau hiewe kënnen?

Är Responsabilitéiten

  • Developpéiere vun enger Programmstrategie, déi den Nolauschterer hir Erwaardungen a Bedierfnesser erfëllt
  • Deklinéiere vum Konzept vum Service public am Lëtzebuerger Kontext
  • Versteesdemech fir Muster an Tendenzen am Behuele vun den Nolauschterer a Sensibiliséierung vun der Ekipp fir dës Froen
  • Entwéckelen an Ëmsetze vun enger ambitiéiser Visioun fir e permanent Opfrësche vun der Programmoffer
  • Eng Ekipp vu kreative Mataarbechter, intern an extern, féieren a weiderentwéckelen
  • Léisunge fanne fir Froen, déi d'Gläichgewiicht vum Programm, déi ënnerschiddlech Goûten an déi gesetzlech Verflichtungen uginn
  • Definéiere vu Programmelementer mat Bléck op hiert Potenzial am Kader vun den neien digitale Méiglechkeeten
  • Gestioun an Entwécklung vun de Relatioune mat de Partner vum Radio


Deen ideale Kandidat/Déi ideal Kandidatin brauch

  • Excellent Féierungskompetenzen an d'Capacitéit, Ekippen ze motivéieren an ze inspiréieren
  • Empathie fir d'Plaz vum Medium Radio am deegleche Liewe vun de Leit
  • Capacitéit inhaltlech a rechtlech Froen ze verstoen an Entscheedungen ënner Drock ze huelen
  • Kompetenz fir den Optrag vum 100,7 no bannen an no baussen ze kommunizéieren an ze promovéieren
  • Capacitéit analytesch a strategesch ze denken a Verännerungen ëmzesetzen
     

Mir bidden

  • En Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch
  • Eng Responsabilitéitsfunktioun op Direktiounsniveau
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld


Schéckt eis Är Kandidatur an Ären CV w.e.g. bis spéitstens de 15. November 2021 per Email un rh@100komma7.lu.

radio 100,7
21a, avenue J.F. Kennedy
L-1855  Luxembourg