Offre d'emploi: Dokumentalist:in / Archivist:in

Archiv

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg a gëtt am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de Service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit.

De radio 100,7 sicht een/eng

Dokumentalist:in / Archivist:in

Är Tâchen:

  • Dokumentéiere vu Radiosemissiounen an engem digitalen Archiv,
  • Archivéiere vun internen Dokumenter,
  • thematesch Recherchen an den Archiven op Demande vun der Redaktioun,
  • Zesummenaarbecht mam CNA an den Nationalarchiven,
  • Entwécklung vu Konzepter fir d'Verbesserung vun den Archiven.


Den ideale Kandidat / Déi ideal Kandidatin brauch:

  • Praktescht Wëssen am Beräich vun der Archivverwaltung an oder Administratioun,
  • ausgepräägt organisatoresch a methodesch Fäegkeeten,
  • Capacitéit fir onofhängegt Schaffen an Eegeninitiativ,
  • perfekt Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Engleschen a Franséischen,
  • allgemeng informatesch Kenntnisser,
  • e Schoulofschloss mindestens um Niveau Bac+2 oder entspriechend Beruffserfarung,
  • Wësse vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Geschicht am politeschen, wirtschaftlechen, kulturellen a musikalesche Beräich wieren e Virdeel,
  • Kenntnisser vun der nationaler an internationaler Musekszeen wieren e Virdeel.


Mir bidden:

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch,
  • eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld,
  • aktiv Gestaltungsméiglechkeete fir eng kontinuéierlech Verbesserung vun der Aarbecht an d'Participatioun un der Digitaliséierungsstrategie.


Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens den 31. Januar 2023 per Email un rh@100komma7.lu.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen