Festlech Concerten a ganz intim Sessions

Neijoerschdag

2021 steet fir vill Leit ganz am Zeeche vun der Hoffnung, vun enger Zort Neistart an enger déif verännerter Welt. Mir hunn Iech e puer Programm-Tippen erausgepickt, mat deenen Dir dat neit Joer net nëmmen inspiréiert, mee och informéiert kënnt ufänken. Dobäi schloe mir de Bou vum traditionelle Neijoerschs-Concert iwwer eng besonnesch Spektrum-Edition bis zu enger Renconter mam Gewënner vum Prix Goncourt.

Mir wënschen Iech e ganz agreabele Start an dat neit Joer a freeën eis, Iech och duerch 2021 ze begleeden.
 
Wat Iech ë. a. um 1. Januar erwaart:
 
08:00 Voix d'auteurs
Direkt mat zwee Gewënner vum Prix Goncourt ënnerhält sech de Jean Portante op Neijoerschdag: Dem Hervé Le Tellier, deen 2020 fir säi Roman "L'anomalie" ausgezeechent gouf, an dem Laurent Gaudé, Laureat vun 2004, dee säin neie Roman "Le Soleil des Scorta" presentéiert.

10:00 Konferenzen: Corona, Pescht a Cholera
De Kampf géint Epidemië veronséchert de Mënsch, zemol wann ënner Ëmstänn Mesurë virgeschloe ginn, déi méi kontradiktoresch net kënnen an net konnte sinn. Den Historiker Roger Seimetz beliicht an dëser Konferenz déi vergaangen an déi aktuell Pandemien.

11:00 Wiener Philharmoniker live
"Ohne Sorgen" - mat dëser an anere Melodië vun der Strauss-Dynastie kucken d'Wiener Philharmoniker an dat neit Joer. De Riccardo Muti, Chef vum Chicago Symphony Orchestra, dirigéiert fir déi sechste Kéier den Neijoerschconcert. Nieft Musek vun der Strauss-Dynastie stinn och Kompositioune vun den Zäitgenossen Carl Millöcker, Carl Zeller a Karl Komzák um Programm. De Concert gëtt an iwwer 90 Länner iwwerdroen.
Live aus dem Musikverein vu Wien.

15:00 Spektrum live: Rufus Wainwright a Perfume Genius
Am ganz intime Kader: De Singer-Songwriter Rufus Wainwright invitéiert bei sech heem a seng Stiffche fir eng besonnesch Retrospektiv. An an engem eidele Concertssall zu Los Angeles treffe mer den epesche Pop-Kënschtler Perfume Genius fir eng extrovertéiert musikalesch Rees.
 
Kuckt hei an eis komplett Programmatioun eran. 

Programm

Net verpassen

  • Nei Serie: poesik

    jr-korpa-GQeSfSWmXvI-unsplash.jpg

    Dem Jean Portante seng nei Serie stellt Kompositiounen a Lidder vir, Wierder a Kläng, déi der Weltpoesie eng nei Dimensioun ginn a se dem Publikum méi no bruecht hunn.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen