LIVE: Neijoerschconcert mam OPL

OPL_photo_Johann_Sebastian_Haenel_2.jpg

De Méindeg, 11.1. um 20:00, begréisst den OPL, ënner der Leedung vum Leopold Hager, d'Frënn vun der Klassik am Joer 2021 mat sengem Neijoerschconcert.

Um Programm sti Wierker vu Johann Strauss, Johannes Brahms, Antonin Dvořák, Franz von Suppé a Josef Strauss. Duerch de Concert begleet déi fréier Kulturministerin a Chamberpresidentin Erna Hennicot-Schoepges, mat där mir eis am Virfeld ënnerhalen hunn.

Mir diffuséieren de Concert live, dëse Méindeg, 11.01. um 20:00.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen