Kennt Dir ewell eis nei Serien am Januar?

Den Iwwerbléck iwwer dräi nei Serien an eisem Programm
Firwat heescht Ettelbréck Ettelbréck? Wat bedeit et, hautdesdaags Bauer hei zu Lëtzebuerg ze sinn? A wéi gesäit et mam Gefill vun der Léift an enger kapitalistescher Gesellschaft aus? Dir gesitt, och dëst Joer fiddere mir Iech mat villen ënnerschiddlechen Theemen.
Zum Beispill an dësen dräi neie Serië gi mir ganz variéierte Froen op de Grond:
Lëtzebuerger Uertschaften
Datt Lëtzebuerg vu "Lucilinburhuc" ofstaamt an esou vill wéi "kleng Buerg mat Tuerm" bedeit, dierft jiddwerengem bekannt sinn. Mee wéi steet et mat Ettelbréck, Pëtschent, oder Feelen? Maja! De Claude Faber geet op d'Sich no den Urspréng vun de Lëtzebuerger Uertschaften.
All zweete Samschdeg um 9:40
Hei ewell d'Emissioune "Chrëschtnech" a "Feelen".
Eis Landwirtschaft
D'Landwirtschaft gëtt beschëllegt Schold um Klimawandel ze sinn, d'Déiere schlecht ze behandelen an eis Ëmwelt ze verschmotzen. An dëser Serie kuckt d'Lara Bousch net nëmmen dem Bauer zu Lëtzebuerg iwwer d'Schëller, mee zeechent d'Bild vun dëser Industrie mol méi genee.
All Donneschdeg um 13:15
Lauschtert hei déi éischt Emissioun.
D'Gefiller vum Kapitalismus
Aarbecht + Léift = Gléck? Fir vill Leit haut ass d'Aarbecht net méi de Grondstee vum Gléck, mee d'Haaptursaach vum Ongléck. Zousätzlech ass och d'Léift duerch d'Kommerzialiséierung vun de Gefiller amgaang nei historesch Formen unzehuelen. Wouhi geet dat Ganzt?
Äntwerte vum Thierry Simonelli, samschdes um 9:20.