Nei Emissioun: Generatiounen

Generatiounen


Wärend der Corona-Kris proposéiert de radio 100,7 zesumme mat senge Partner RBS-Center fir Altersfroen, Gaart & Heem, Fondatioun EME, ENEPS a SERVIOR sengen eeleren, awer net nëmmen, Nolauschterer eng Stonn mat engem speziell ugepasste Programm. Generatiounen ass fir déi Leit, déi nach voll am Liewe stinn a sech deels schwéier mat den aktuelle Beschränkungen dinn. D'Emissioun bitt awer och soss fir all Mënsch eng Stonn Divertissement an Ënnerhalung.

D'Emissioun Generatiounen gëtt vu méindes bis freides tëschent 13:00 a 14:00 diffuséiert. 

De Museksprogramm ass un eis eeler Nolauschterer ugepasst a bitt eng Diversitéit fir all Goût. An dëser Emissioun kann een Deel vun der Musek vun den Nolauschterer selwer bestëmmt ginn, andeems si eis hir Musekswënsch eraschécken. 
Iwwer WhatsApp (mat Text oder Sproochmessage) oder iwwer e speziell ageriichte Repondeur kënnen d'Nolauschterer op der Nummer 44 00 44 123 eran telefonéieren. 
Zesumme mat der Fondatioun EME proposéiert de radio 100,7 op deenen Deeg, wou en neie Concert vun der Fondatioun EME online geet, e Preview op dëse Concert. 
Eng Dieteticienne vu SERVIOR proposéiert all Dag Wëssen iwwer eng bewosst a gesond Ernärung. Dës Ernärungstippe sinn op eeler Persounen zougeschnidden a sollen Iddie liwwere fir eng gesond an ofwiesslungsräich Ernärung. 

Am Musikalesche Moment presentéiere mir Extraiten aus Operetten, komeschen Operen a Musicals, déi an de Kontext gesat ginn, mat e puer Explikatiounen, an déi den Iwwergang op Resonanzen direkt uschléissend méi flësseg solle maachen. 

Am Grammophon kucke mir zesumme mam Georges Urwald op déi musikalesch Kreatioun zu Lëtzebuerg vun den 1950 bis an d'1970 zeréck a presentéieren ausgewielte Stécker vun den Artisten, déi deemools net just d'Danzsäll, mee och de Radio hei zu Lëtzebuerg mat hirer populärer Musek ze begeeschtere woussten. 


D'Emissioun Generatiounen kënnt Dir live um radio 100,7 lauschtere vu méindes bis freides tëschent 13:00 a 14:00 oder an eiser Mediathéik zu all Moment.
 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen