Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ekologesch Theemen huelen ëmmer méi Plaz an eisem Alldag an. Genee wéi de Klimawandel. Dënschdes um 10:45 hale mir Iech um Lafenden iwwer déi ekologesch Aktualitéit hei am Land an an der Welt.

Ekologesch Theemen huelen ëmmer méi Plaz an eisem Alldag an. Genee wéi de Klimawandel. Dënschdes um 10:45 hale mir Iech um Lafenden iwwer déi ekologesch Aktualitéit hei am Land an an der Welt.

Ekologesch Theemen huelen ëmmer méi Plaz an eisem Alldag an. Genee wéi de Klimawandel. Dënschdes um 10:45 hale mir Iech um Lafenden iwwer déi ekologesch Aktualitéit hei am Land an an der Welt.

Déi ekologesch Aktualitéit am A 

Ekologesch Theemen huelen ëmmer méi Plaz an eisem Alldag an. Genee wéi de Klimawandel. Dofir hale mir Iech eemol d'Woch um Lafenden iwwer déi ekologesch Aktualitéit hei am Land an an der Welt.

An der neier Serie Mëschkultur bericht d'Lara Bousch iwwer Gewunnechten, déi sech änneren, nei Klimamesuren oder esouguer Online-Konferenzen iwwer eng méi nohalteg Zukunft. 

An der éischter Emissioun héiert Dir e Gespréich mam Steven Strehl vun enger NGO iwwer d'Grondakommes ouni Bedéngungen, eng Méiglechkeet fir méi nohalteg kënnen ze liewen. De komplette Bäitrag kënnt Dir hei lauschteren.

Déi zweet Emissioun befaasst sech mat der Fro, wéi ee besonnesch an de kale Méint op eng clever Manéier bei sech doheem hëtze kann. Heifir gëtt de Gil Kirchen vun der Ëmweltberodung e puer Iddien, wéi ee mat klenge Gesten Energie am Wanter spuere kann.

D'Wantervullenzielung, déi dëse Weekend ass, steet am Mëttelpunkt vun der drëtter Emissioun. Et kann een dann wärend enger Stonn zielen an opschreiwen wat fir Villercher et a sengem Gaart oder vum Balcon aus ze gesi sinn. D'Ornithologin Lieke Mevis vun natur&ëmwelt erzielt eis firwat d'Wantervullenzielung iwwerhaapt organiséiert gëtt.

Mëschkultur, ëmmer dënschdes um 10:45