30.5. Koll an Aktioun "On Air"

Koll on Air

Dëse Samschdeg ass et souwäit! De Koll an Aktioun geet "On Air" iwwer d'Bün. Et geet net drëms fir just e weidere Live-Stream iwwer déi sozial Medien ze schécken. D'Zil ass et fir Iech doheem eng richteg Festival-Experienz ze offréieren. Op der Affiche sinn:

D'Indie-Rock Formatioun TUYS, déi sech dëst Joer mat enger Serie vu Singelen amgaang sinn nei ze erfannen
Déi jonk Sängerin AEM, déi mat hirem intimisteschen an engagéierten Elektro Pop drop waart fir d'Häerzer vum Publikum un d'Schmëlzen ze bréngen
De Mambo Schinki, deen Iech mat senger Weltraumuergel virum Radio wäert un d'Danze bréngen
En DJ Set mat dubbege Kläng vum Public Service Soundsystem


Rendez-vous ass dëse Samschdeg, vu moies un op de soziale Medien, a vu 14:00 bis 18:00 och um radio 100,7.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen