Radioen

On air

Kultur um 5  |  Pilot-Projet "Perspectives" am Stater Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Samschdes um 13:00 Héieren-Léieren-Lauschteren mat der neier Emissioun fir firwëlzeg Kanner a Jugendlecher

Samschdes um 13:00 Héieren-Léieren-Lauschteren mat der neier Emissioun fir firwëlzeg Kanner a Jugendlecher

Samschdes um 13:00 Héieren-Léieren-Lauschteren mat der neier Emissioun fir firwëlzeg Kanner a Jugendlecher

Den Numm vun der neier Kanneremissioun um radio 100,7 HéLéLa setzt sech zesummen aus Héieren-Léieren-Lauschteren", an deen Numm ass dann och Programm:
All Samschdeg um 13:00 spannend Experimenter, wëssenschaftlech Decouverten, Noriichten, Lauschterstécker a Geschichten, esou wéi Iddie fir eppes ze ënnerhuelen. Awer och déi Grouss hunn eppes fir nozelauschteren.

Mir offréieren de Kanner bis +/- 12 Joer Theemen aus ville verschiddene Beräicher: der Kultur, der Aktualitéit, den Naturwëssenschaften, bei deenen een eppes Neies héiert, dat Ganzt verbonne mat flotter Musek.

Partner vun HéLéLa sinn de SCRIPT a verschidde Muséeën. De Mister Science mat sengen Experimenter huet och eng fest Plaz. D'100,7-Noriichteredaktioun beäntwert allkéiers op eng kannergerecht Manéier eng Fro vun engem Kand zur Aktualitéit. 

An der éischter Emissioun dëse Samschdeg um 13:00 ass direkt de Mister Science mat engem spektakulären Experiment derbäi, an zwar mat engem Eemer mat Waasser, wou d'Waasser awer net erausleeft, wann den Eemer op der Kopp ass. Am Rendez-vous mat der Noriichteredaktioun geet et ëm méiglecht Liewen um Planéit Venus. A mir ginn an d'Weltkulturierwe Völklinger Hütte, wou dëse Sonndeg de Weltkannerdag gefeiert gëtt.

HéLéLa: deen neie Rendez-vous fir Kanner a Jugendlecher tëschent 8 an 12 Joer um radio 100,7 samschdes um 13:00.