De radio 100,7 bei de Congés annulés

muno.jpg

All Méindeg suergt de Public Service Soundsystem um Site vun de Rotondë fir de gudden Toun: en DJ vum radio 100,7 spillt zesumme mat engem speziellen Invité.

Dee leschten DJ-Set war gëschter Owend, 17.8. um 18:00, den 100,7-Jazz-Expert Pol Belardi, dee säi Brudder Chris Belardi matbréngt. Den Jazz-Tausendsassa hëlt eis mat op eng Rees duerch fréi musikalesch Aflëss, déi ouni Moderatioun ënner Bridder gedeelt a gelauschtert goufen.

Dënschdes owes iwwerdroe mir um 20:00 de Concertsprogramm live vum Festival. Dës Woch ass et en Optrëtt vun der Lëtzebuerger Songwriterin a Schrëftstellerin Claudine Muno, déi an hire subtille Stécker Déift an Humor matenee verbënnt.

Congés annulés vum 1.8-23.8.2020 an de Rotonden an um radio 100,7.

 

Programm

Net verpassen

  • Nei Museksemissiounen

    Bigstock / real_content

    Al Schanken: Freides, 21:00

    Mat Groove a Séil: Samschdes, 19:00

    Palatino FM: Samschdes, 21:00

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen