De radio 100,7 op der Fête de la musique

Fête de la musique Echternach.jpg

"Fête de la musique - faites de la Musique", sot de fréiere franséische Kulturminister Jack Lang, wéi hien 1982 déi éischt Fête de la Musique lancéiert huet.

Dëse Sonndeg feiert de radio 100,7 och d'Musek - live am Trifolion zu Iechternach. Zesumme mam Kulturhaus an der Abteistad an der Iechternacher Museksschoul hu mir e faarwege musikalesche Programm zesummegestallt, dee vun Jazz iwwer Musek fir Perkussiounsensembel bis Vokalmusek geet.

Vun 11:00 bis 14:00 proposéiere jonk Talenter, Enseignanten aus der Museksschoul an de Vokalensemble Ambitus Musek aus allen Epochen a Stilrichtungen.

Kuerz no 12 Auer geet op enger Table ronde rieds iwwer den Enseignement musical. Wéi war de Museksunterricht gefuerdert a wéi ass en duerch d'Pandemie komm? Wat bréngt deen neie Bachelor Enseignement musical, dee vum Hierscht un op der Universitéit Lëtzebuerg offréiert gëtt? Wéi gesäit de Bilan vum Gesetz iwwer den Enseignement Musical vun 1992 aus, a wéi steet et mat der Reform, déi nach virun der grousser Vakanz soll gestëmmt sinn?

Invitéë sinn: d'Nadine Eder, Directrice vun der Iechternacher Museksschoul; d'Micky Thein, Directrice adjointe vun der UGDA-Museksschoul; den Adrien Théato, Direkter vum Conservatoire du Nord an den Eric Falchero, Enseignant am Bachelor vun den Erzéiungswëssenschaften op der Universitéit Lëtzebuerg.

Fête de la Musique  - live aus dem Trifolion zu Iechternach, e Sonndeg vun 11:00 Auer un um radio 100,7

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen