Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 proposéiert en neie Programm an eng nei Grille. Wat gëtt et Neies a wat ännert?

De radio 100,7 proposéiert en neie Programm an eng nei Grille. Wat gëtt et Neies a wat ännert?

De radio 100,7 proposéiert en neie Programm an eng nei Grille. Wat gëtt et Neies a wat ännert?

De radio 100,7 bitt nach méi Noriichten an informativ Ënnerhalung a sengem Programm. Der Kultur gëtt eng fest deeglech Emissioun consacréiert.

D'Morningshow "De Moien", mam Simon Laroche um Mikro, setzt konsequent op Noriichten an Informatiounen. Tëschent 7:00 an 9:00 Auer gëtt d'"Panorama"-Noriichtesendung zur voller Stonn vun Noriichten am Véierelstonnentakt ergänzt. Um 8:10 Auer gëtt een Aktualitéitstheema verdéift. "Europa Aktuell" um 7:22 an 8:32 Auer, den "Invité:e vum Dag" um 7:32 Auer, souwéi d'"Presserevue" um 7:16 an 8:16 Auer bleiwe feste Bestanddeel vun eisem Programm.

An der Emissioun "Am Fong" vun 09:00-10:00 Auer beschäftegt sech d'Natasha Ehrmann mat Experten an Expertinne mat engem Theema aus dem Alldag. D'Nolauschterer an Nolauschterinne sinn invitéiert sech mat hire Froen an Iwwerleeungen ze bedeelegen.

Nei ass och d'Emissioun "Kultur um 5", déi sech vu 17:00 bis 18:00 Auer mat der aktueller Kultur befaasst, vu Musek iwwer Theater, Galerien a Literatur bis zu den neiste Kinosfilmer. De Pit Walté begréisst eis radio 100,7 Fachjournalisten a -journalistinnen zu engem labberen, awer gutt informéierten Austausch.
 

Programm Wochendeeg

Programm Wochendeeg owes

Programm Samschdeg

Programm Sonndeg

Eis nei Emissiounen:

Besser informéiert a besser gelaunt an den Dag starten. Mat eise grousse Rendez-vousen an - natierlech - mat vill gudder, alternativer Musek


Mat Experten an Expertinne gräife mir Theemen op aus de Beräicher Recht a Konsumenteschutz, Ëmwelt an Ernärung, Gesondheet a Psychologie, Wëssenschaft an Erzéiung.


Cool Musek a vill praktesch Tipps an Tricks, philosophesch Iwwerleeungen, Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert, Ëmwelttheemen a Rotschléi mat Ernärungsberoder:innen an engem Biolog 


Firwat net mol d'Mëttespaus verlängeren? De Popfilter kënnt all Dag mat neier Musek an e puer Geschichten.


Dat Wichtegst aus alle Kulturberäicher. Theater, Kino, Literatur, Musek, Konscht a villes méi steet um Programm an eiser labberer Ronn.