Elvira Mittheis Am Gespréich

Elvira Mittheis - en Numm, deen engem zanter iwwer zéng Joer an der Lëtzebuerger Kulturzeen ëmmer nees opfält. Déi gebierteg Éisträicherin koum no hirem Studium vun der Däitscher Philologie, Publizistik a Kommunikatiounswëssenschaft zu Wien, der Aarbecht an zwee Editiounshaiser zu Wien an zu München op Lëtzebuerg an hat hei hiren éischten Job am CAPE zu Ettelbréck.
Am Gespréich mam Nathalie Bender erzielt si vun hirer Kandheet a Jugend am Burgenland no un der éisträichesch-ungarescher Grenz, iwwer hir Schrëtt nom Studium a bis bei hir haiteg Plaz: zanter dem 1. Dezember 2020 ass d'Elvira Mittheis Directrice vun der ASBL Coopérations.
Vum 4.-10.1. ënnerhale mir eis mat dëser interessanter Perséinlechkeet aus der Kulturzeen: an der Woch um 12:40 a sonndes um 10:10.
Liest a lauschtert dee ganzen Interview hei.