Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Initiativ vum 100,7 an der Kulturfabrik: Trotz Pandemie live Musek genéissen D'Indie-Rock-Formatioun Tuys spillen éischt Aircheck Session dëse Samschdeg um 17:00 an der Kufa a live um 100,7

Nei Initiativ vum 100,7 an der Kulturfabrik: Trotz Pandemie live Musek genéissen D'Indie-Rock-Formatioun Tuys spillen éischt Aircheck Session dëse Samschdeg um 17:00 an der Kufa a live um 100,7

Nei Initiativ vum 100,7 an der Kulturfabrik: Trotz Pandemie live Musek genéissen

D'Indie-Rock-Formatioun Tuys spillen éischt Aircheck Session dëse Samschdeg um 17:00 an der Kufa a live um 100,7

Fir trotz Pandemie kënne live Musek ze genéissen, lancéiert de radio 100,7 zesumme mat der Kulturfabrik d'Aircheck Sessions. Eemol am Mount sinn an der Kulturfabrik zu Esch Concerten, déi mir live iwwerdroen. Den Optakt mécht dëse Samschdeg, um 17:00 d'Indie-Rock-Formatioun Tuys.

Tuys hunn dëst Joer fënnef nei Lidder erausbruecht, déi eng stilistesch Entwécklung fir d'Band bedeiten. Si si frou, datt dës Session endlech iwwer d'Bün geet, a si d'Méiglechkeet hunn, déi nei Songs an hir nei Luuchteshow virzestellen.

De radio 100,7 kann als Member vun der EBU all Joer eng Band vu Lëtzebuerg fir den Eurosonic Festival nominéieren. Dat ass am Januar 2021 Tuys. Dee groussen, europäesche Showcase-Festival wäert reng virtuell oflafen. Trotzdeem kritt de Quartett d'Méiglechkeet, fir sech virun engem Fachpublikum ze presentéieren.
De Concert an der Kulturfabrik dëse Samschdeg gëtt gefilmt, an d'Resultat ass d'Contributioun fir den Eurosonic.

Éischt Aircheck Session mat Tuys, dëse Samschdeg, 21. November um 17:00 an der Kulturfabrik a live um 100,7

Lauschtert den Interview mat der Band.