Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dëse Sonndeg, 8.11. um 11:00 spillt d'Deutsche Radio Philharmonie ouni Publikum am Sall, deemno exklusiv fir 100,7 an SR2 Nolauschterer.

Dëse Sonndeg, 8.11. um 11:00 spillt d'Deutsche Radio Philharmonie ouni Publikum am Sall, deemno exklusiv fir 100,7 an SR2 Nolauschterer.

Dëse Sonndeg, 8.11. um 11:00 spillt d'Deutsche Radio Philharmonie ouni Publikum am Sall, deemno exklusiv fir 100,7 an SR2 Nolauschterer.

Eng Kompositioun voller Reminiszenzen u grouss Meeschteren, geschriwwe fir Sträicher, Piano an Trompett - dem Dmitri Schostakowitsch säin éischte Pianosconcerto vun 1933 ënnersträicht déi spruddeleg Fantasie vum jonke Komponist.

Dir kënnt dëst aussergewéinlecht Wierk mat der Deutschen Radio Philharmonie héieren ... live vu Saarbrécken ... dëse Sonndeg um 11 Auer um radio 100,7.

Deutsche Radio Philharmonie spillt ouni Publikum am Sall, deemno exklusiv fir 100,7 an SR2 Nolauschterer. D'Direktioun huet de Pietari Inkinen. Soliste sinn de Sergej Nakariakov op der Trompett an d'Maria Meerovitch um Piano.
Um Programm:
Dmitri Schostakowitsch: Klavierkonzert Nr. 1 c-Moll op.35
Dmitri Schostakowitsch: Kammersinfonie op.110a
(nom 8. Sträichquartett arrangéiert vum R. Barschai)
John Cage: Trio (1936) for Percussion