De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

radio 100,7

De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun

  • 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
  • 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI)

fir direkt ze engagéieren.

Profil

  • Radiophonesch Stëmm mat excellenter Diktioun an Aussprooch, dynamesch a gaaschtfrëndlech
  • Capacitéite fir eng Kommunikatioun mat Nolauschterer opzebauen, nei Nolauschterer unzezéien an ze fideliséieren
  • Capacitéite fir live Radiosemissiounen ze animéieren, Debaten ze meeschteren a Gäscht ze interviewen
  • Capacitéite fir Synopsistexter, Artikelen, Usoen an Ofsoe vun Emissiounen ze schreiwen
  • Excellent Maîtrise vum Lëtzebuergeschen am Schwätzen, Liesen a Schreiwen
  • Gutt Kenntnisser an der däitscher a franséischer Sprooch; Kenntnisser am Englesche ginn als Virdeel ugesinn
  • Bereetschaft, un den eegenen Diktiounskompetenzen ze schaffen
  • Gutt Kenntnisser an de Beräicher Musek, Kultur, Politik a Gesellschaft
  • Sënn fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen a proaktiv an enger Ekipp matzeschaffen
  • Bachelor an Humanwëssenschaften oder berufflech Experienz

Mir bidden eng Aarbecht mat vill Ofwiesslung an engem dynameschen Ëmfeld.

Kandidature mat Motivatiounsbréif a Curriculum Vitae si bis spéitstens den 30. Juni 2021 u folgend Adress ze schécken:

Per Post:

radio 100,7
Ressources Humaines
B.P. 1833
L-1018 Luxembourg

Per E-mail:

HR@100komma7.lu

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen