Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Filmer, genee wéi och déi national an international Kinosaktualitéit, sinn e feste Bestanddeel vun der kultureller Offer, déi de radio 100,7 all Woch proposéiert.

Filmer, genee wéi och déi national an international Kinosaktualitéit, sinn e feste Bestanddeel vun der kultureller Offer, déi de radio 100,7 all Woch proposéiert.

Filmer, genee wéi och déi national an international Kinosaktualitéit, sinn e feste Bestanddeel vun der kultureller Offer, déi de radio 100,7 all Woch proposéiert.

Filmer, genee wéi och déi national an international Kinosaktualitéit, sinn e feste Bestanddeel vun der kultureller Offer, déi de radio 100,7 all Woch proposéiert.
Nieft dem Ausbléck op déi nei Filmer vun der Woch, deen Dir mëttwochs um 9:45 Auer héiert, proposéiert d'Kinosekipp vum Radio Iech och reegelméisseg Kriticken iwwer nei Filmer, déi ulafen.

De grousse Rendez-vous mam "septième art" ass awer all Samschdeg tëschent 11:00 an 12:00 an eiser Emissioun Grousse Kino, mat Reportagen, Hannergrënn an detailléierten a fundéierte Kriticke vun dräi Filmer, déi nei an de Kinossäll vum Land ze gesi sinn.

Nieft dëser Emissioun proposéiert d'radio 100,7-Filmkritikerin Martine Reuter Iech bis Dezember eng Rees duerch d'Geschicht vum Kino. An der Serie 125 Joer Kino freides um 13:15 ginn a 14 verschiddenen Episoden, ënner anerem déi technesch Entwécklung: Stomm-, Toun- a Faarffilm bis bei de Cinemascope-Format an den 3D thematiséiert. Analyséiert ginn och d'Filmsprooch, den ekonomesche Rôle vun de Filmproduktiounen an natierlech déi ënnerschiddlech Tendenzen a verschiddene Länner an et gëtt e Bléck an d'Zukunft vun der 7. Konscht geworf.

De Fundus vun der Stater Cinémathéik ass enorm, an ëmmer nees sti scho bal vergiesse Bijouen aus 125 Joer Filmgeschicht op der Affiche vun dësem spezielle Kino. All zweete Samschdeg um 09:40 kuckt de Mohamed Hamdi iwwer de Programm vun der Cinémathéik a pickt ee Klassiker eraus, iwwer deen Dir hei op der Antenn méi gewuer gitt.

Am Oktober suivéiert de radio 100,7 och de Festival CinEast, dee vum 8. bis de 25. Oktober déi filmesch Produktioun aus Mëttel- an Osteuropa an de Fokus vun der Kinosaktualitéit zu Lëtzebuerg réckelt.

De Kino um radio 100,7 - fir alles ze gesinn, wat ee muss kucke goen.