Dat perfekt Grillfeier, Kraider a Cats

Grill

Eng donkelrout Glous muss et sinn

Heiansdo hunn ech de Grill scho mat alle Wierder déi ech kennen,  Schëmmel a Bless vernannt, well ech dat Feier net ukritt hunn. Dofir hunn ech mech haut mat dëse Froe beschäftegt: Wéi maachen ech Feier am grill? Wéi kréien ech déi beschte Glous? A wat ass déi gutt Manéier fir d'Feier unzefänken?

Lauschteren

Wa se muerges fësche ginn

De Léon Moulin séngt an dësem Lidd iwwer d'Freed an d'Begeeschterung um Fëschen an un der Natur. Den Zuch geholl, Mierscher Dall, Ettelbréck, Méchela, Gëbbelsmillen, Kautebaach, dertëscht e bësselche Gefachsimpels iwwer déi richteg Staang an déi beschte Méck an da beim Ukomme schonn ze vill Undrang. Alles  dat ass d'Fëscherlidd.

Lauschteren

Koriander a Wasabi

Kraider sinn d'Blieder, bei Gewierzer schwätze mer vun der Fruucht, der Wuerzel, dem Kär, oder der Schuel vun der Planz. An deem Sënn ass Koriander interessant, well en esouwuel e Kraut wéi e Gewierz ass an och nach asiatesche Péiterséileg genannt gëtt. E ka praktesch iwwerall verschafft ginn. Koriander a Wasabi ginn haut vun der Dieteticienne Lis Muller ënner d'Lupp geholl.

Lauschteren

Professer fir Solfège, Piano, Uergel an Harmonie

Duerch dem Pierre Drauth seng Klasse sinn eng Rei Schüler gaangen, déi eng professionell Karriär an der Musek ageschloen hunn. De Prof. Drauth verzielt iwwer säi Liewe mat der Musek, wéi och iwwer säi Kontakt als Organist mat der international unerkannter Virtuosin op der Uergel, der Jeanne Demessieux

Lauschteren

D'Kaze vum Broadway

Et ass schonn aussergewéinlech, datt een Hausdéieren als Haaptpersonnage vun engem Musical auswielt. Mee bei "Cats" geet et net ëm Hauskazen, mee ëm Stroossekazen, déi dobausse liewen, allerdéngs awer vill mënschlech Eegenschaften opweisen. Verschidde Melodië vum Andrew Lloyd Webber sengem "Cats" si ganz bekannt.

Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen