Radioen

On air

Notturno  |  David Sylvian - Orpheus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mir begleeden Iech duerch dës Zäiten mat nëtzlechen Informatiounen an Neiegkeeten.

Mir begleeden Iech duerch dës Zäiten mat nëtzlechen Informatiounen an Neiegkeeten.

Mir begleeden Iech duerch dës Zäiten mat nëtzlechen Informatiounen an Neiegkeeten.

Bleift gesond a monter mam 100,7. Mir begleeden Iech duerch dës Zäiten mat nëtzlechen Informatiounen an Neiegkeeten.

100,7 Klassesall: News fir Kids, Schätz aus dem natur musée, e Bilddiktat mat de Stater Muséeën, interessant Experimenter mat science.lu, cool Aufgaben, déi de SCRIPT all Dag zesummestellt an de Projet gemeinsam mat alle Kanner am Land e spannende Roman ze schreiwen.

Letzcook: Mir proposéieren Iech all Dag een neit Rezept fir nozekachen a gi wäertvoll Informatiounen zum Theema Kachen. Dëst ass eng Initiativ zesumme mam Magasinn KACHEN.

Bewosst gesond: Vun A wéi Apel bis Z wéi Zitroun. Wäertvoll Ernärungstippe fir Erwuessener a Kanner an Zesummenaarbescht mat Membere vun der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg. Iesst, kacht, kaaft a bleift gesond. Mir ënnerstëtzen Iech derbäi.

Otemzuch: Zesumme mat der Psychologin an Achtsamkeetstrainerin Laurette Bergamelli gi mir Iech all Dag op zwou Sproochen, op Däitsch a Franséisch, e Moment vu Rou mat op de Wee. Dir kënnt Iech fir annerhallef Minutt gemittlech mat eis fale loossen an entspanen.

Fit virum Dag: Den Héichleeschtungssportler Maxime Stzurma erkläert eng kuerz Fitness-Übung fir doheem an der Corona-Quarantän ze maachen. D'Videoen zu den Übunge ginn et da gläichzäiteg op 100komma7.lu. Et sinn Übungen, fir déi een näischt Spezielles brauch, näischt wat een net souwisou doheem hätt.

De virtuelle Concertssall: All Dag proposéiert de radio 100,7 eng Concertsopnam vun engem lëtzebuergeschen Orchester oder Ensembel. Um Programm stinn ënner anerem d'Oper "Rigoletto" vum Giuseppe Verdi mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, dem Tolga Kashif seng "Queen Symphony" mat der Lëtzebuerger Militärmusek an den 3. Concert aus der Serie "Orient et Occident" vum Orchestre de Chambre du Luxembourg.

An eisem Liveticker fannt Dir Neiegkeete ronderëm de Coronavirus.

Den 100,7 ass fir Iech do.