Radioen

On air

De Moien  |  Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, den Björn Höck, steet virun Geriicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 16 Joer professionelle Fussballspiller an Däitschland, Frankräich an der Schwäiz: Vum 30.11.-6.12. ënnerhale mir eis dës Kéier mat enger interessanter Perséinlechkeet aus der Sportswelt: an der Woch um 12:40 a sonndes um 10:10.

16 Joer professionelle Fussballspiller an Däitschland, Frankräich an der Schwäiz: Vum 30.11.-6.12. ënnerhale mir eis dës Kéier mat enger interessanter Perséinlechkeet aus der Sportswelt: an der Woch um 12:40 a sonndes um 10:10.

16 Joer professionelle Fussballspiller an Däitschland, Frankräich an der Schwäiz:

Vum 30.11.-6.12. ënnerhale mir eis dës Kéier mat enger interessanter Perséinlechkeet aus der Sportswelt: an der Woch um 12:40 a sonndes um 10:10.

Seng Karriär als Fussballer fänkt de Roby Langers bei der Union Lëtzebuerg un. Mat 19 Joer ënnerschreift hie säin éischte Kontrakt als Profi beim däitsche Bundesligist Borussia Mönchengladbach, deen deemools vum Jupp Heynckes trainéiert gouf. No zwee Joer geet säi Wee iwwer den éischten FC Metz an déi zweet franséisch Liga bei Olympique Marseille.

No weidere Statiounen an där zweeter Liga geet et fir de Roby Langers véier Joer méi spéit bei den OGC Nice, wou hie mat eng vu senge schéinsten Zäiten als Profi erlieft. No Cannes an e puer weidere Statioune geet seng Karriär do op en Enn, wou se ugefaangen hat, bei der Union an der Stad.

A senger Zäit als Profi war de Roby Langers awer och e wichtege Spiller an der Nationalekipp. Onvergiess ass säi Goal am September 1990 géint de Weltmeeschter Däitschland zum 2:3.

Vum 30.11.-6.12. ënnerhale mir eis dës Kéier mat enger interessanter Perséinlechkeet aus der Sportswelt: an der Woch um 12:40 a sonndes um 10:10.

Liest a lauschtert dee ganzen Interview hei.