Zwee, déi sech fonnt hunn: mam Zeechner Marc Angel a mam Schrëftsteller Samuel Hamen hu sech zwou Generatioune vu Kënschtler zesummegedoen, fir eng originell hybrid Form ze schafen.
Fir hiert Buch "Zeeechen. Erzielungen a grafesch Geschichten" (Editions Guy Binsfeld) gouf den Duo den 19. November mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur ausgezeechent.
An der Woch vum 16.11. ënnerhale mir eis mat dësen zwou interessante Perséinlechkeeten:
Méindes bis freides um 12:40 a sonndes um 10:10
Liest a lauschtert dee ganzen Interview hei.