D'Lis Fautsch ass zanter Jore Fechterin op engem professionellen Niveau a konnt an där Zäit och eng Rei Erfolleger feieren, wéi déi siwent Plaz lescht Joer op der Weltmeeschterschaft. Déi Olympesch Spiller zu Tokyo sollten dëst Joer den Ofschloss vun der Karriär sinn, dësen Event gouf awer op dat nächst Joer verréckelt.
Am Gespréich schwätzt eis Invitée Lis Fautsch iwwer d'Decisioun d'Karriär ze verlängeren, eng schéin Iwwerraschung, déi si dëse Summer krut, déi den olympeschen Dram awer méi komplizéiert mécht, an och iwwer hire Wee bis bei d'Fechten.
An der Woch vum 7.12., méindes bis freides um 12:40 a sonndes um 10:10
Liest a lauschtert dee ganzen Interview hei.