Aircheck Session: Evelinn Trouble

Aircheck Session Evelinn Trouble 1.png

Déi Schwäizer Sängerin Evelinn Trouble proposéiert den 30. Januar en intime Solo-Concert an der Kufa. Am Gespréich mam Yves Stephany erkläert si, datt Songwriting fir si eppes mat Katharsis ze doen huet, an datt Musek méi wéi just eng Leidenschaft fir si ass.

Evelinn Trouble: dëse Samschdeg, den 30. Januar, an enger Aircheck Session an der Kulturfabrik, zesumme mam KUK. De Concert gëtt um 17:00 um radio 100,7 diffuséiert.

Aircheck Sessions: trotz Pandemie live Musek genéissen. Eng Initiativ vum radio 100,7 zesumme mat der Kulturfabrik.

Concert verpasst? Lauschtert hei all d'Emissiounen:
Aircheck Session #1: Tuys
Aircheck Session #2: Heavy Petrol
Aircheck Session #3: Great Mountain Fire
Aircheck Session #4: Benoit Martiny Band

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen