Aircheck Session: Benoit Martiny Band

Aircheck Sessions Benoit Martiny Band

Dëse Samschdeg ass et well souwäit fir déi mëttlerweil véiert Aircheck-Session an der Kulturfabrik. D'Benoit Martiny Band, déi sech 2004 iergendwou tëschent Rammeldang a Rotterdam gegrënnt huet, vermëscht Jazz mat Rock a Psychedelia a bitt an hirer Aircheck Session eng nawell ofgespacte musikalesch Rees. Bis elo huet BMB fënnef Albume verëffentlecht a scho mat Kënschtler wéi dem hollänesche Singer/Songwriter Mark Lotterman oder dem Jazzmuseker Michel Pilz zesummegeschafft. 

"The Moons of Uranus" stellt de Groussdeel vun de Stécker, déi d'Benoit Martiny Band fir dës Aircheck Session op d'Bün vun der Kulturfabrik bréngt. Mam Michel Pilz op der Bassklarinett, dem Joao Driessen um Tenor Saxophon, dem Frank Jonas op der Gitar, dem Sándor Kém op der Bass an dem Benoit Martiny op den Drums liewe si am neie Kleed erëm op. Mee och vun de Virgängerplacke "Grand Cosmic Journey" an "Trauerspill" (2017) si Stécker dobäi. Loosst Iech dëst Gewalterliefnis net entgoen.

Benoit Martiny Band: dëse Samschdeg, de 26. Dezember, an enger Aircheck Session an der Kulturfabrik, zesumme mam KUK. De Concert gëtt um 16:00 um radio 100,7 diffuséiert.

Aircheck Sessions: trotz Pandemie live Musek genéissen. Eng Initiativ vum radio 100,7 zesumme mat der Kulturfabrik.

Fir Iech op dës véiert Editioun anzestëmmen, lauschtert hei d'Aircheck-Session vun der Rockband Tuys, déi vun der Bluesband Heavy Petrol, an hei déi vu Great Mountain Fire.
 

Programm

Net verpassen

  • Nei Serie: poesik

    jr-korpa-GQeSfSWmXvI-unsplash.jpg

    Dem Jean Portante seng nei Serie stellt Kompositiounen a Lidder vir, Wierder a Kläng, déi der Weltpoesie eng nei Dimensioun ginn a se dem Publikum méi no bruecht hunn.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen