Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jordan Rakei - Freedom

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den 22. Dezember um 20:00 erwaart Iech eng ganz besonnesch Editioun vum After WIP: dem Gérald Dumont säi "Parkour". D'Stéck war souwisou als Radiosemissioun konzipéiert an dofir gouf dës Soirée ganz einfach op de radio 100,7 "transponéiert".

Den 22. Dezember um 20:00 erwaart Iech eng ganz besonnesch Editioun vum After WIP: dem Gérald Dumont säi "Parkour". D'Stéck war souwisou als Radiosemissioun konzipéiert an dofir gouf dës Soirée ganz einfach op de radio 100,7 "transponéiert".

Den 22. Dezember um 20:00 erwaart Iech eng ganz besonnesch Editioun vum After WIP: dem Gérald Dumont säi "Parkour". D'Stéck war souwisou als Radiosemissioun konzipéiert an dofir gouf dës Soirée ganz einfach op de radio 100,7 "transponéiert".

Eigentlech haten d'Kulturfarbik an den Théâtre K. eng Soirée Mëtt Dezember geplangt, déi dunn allerdéngs net huet dierfte sinn. Well dem Gérald Dumont säi Stéck "Parkour" souwisou als Radiosemissioun konzipéiert war, war de Wee net wäit, dës Soirée ganz einfach op de radio 100,7 ze "transponéieren".

Iech erwaart den 22. Dezember deemno eng ganz besonnesch Editioun vum After WIP, an enger Mise en scène vun der Nathalie Grenat.

Wéi de Schrëftsteller Gérald Dumont am leschte Joer am Kader vum WIP (Word in Progress) Extraiten aus sengem "Parkour" virgelies hat, war de Projet nach net fäerdeg. Et ass effektiv Zil vum WIP, Texter, déi nach am Entstoe sinn, an enger entspaanter Atmosphär engem klenge Public ze presentéieren an uschléissend ze diskutéieren. Bei dësem After WIP hutt Dir elo d'Chance, de fäerdege Projet ze entdecken. 

"Parkour (Chronique d'un matricule)" ass déi éischt Episod vun enger theatralescher Serie. Lauschtert den After WIP mam Gérald Dumont, dësen Dënschdeg, 22.12. um 20:00 um radio 100,7.