Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux - Hello, How? And Hey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel mat Kritik un Israel wéinst dem UNRWA-Verbuet

"Eesäiteg Decisioun"

Xavier Bettel mat Kritik un Israel wéinst dem UNRWA-Verbuet

Den Ausseminister Xavier Bettel kritiséiert d’Decisioun vum israeelesche Parlament, datt d’UN-Palästinenserhëllefswierk vum neie Joer un net méi op israeeleschem Territoire schaffen däerf.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Gehad Hamdy play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Gehad Hamdy

D’Knesset hat dat ëmstriddent Gesetz gëschter um Méindegowend mat grousser Majoritéit ugeholl. D’UN-Organisatioun wier indispensabel, op ville Pläng, esou de Xavier Bettel. Hien huet vun enger eesäiteger Decisioun geschwat, déi hie bedauere géif.

"Wat ass elo d'Alternativ? Den Hamas? Also et ass eng vun den Iddien, wou ee wierklech am Fong nach méi Haass wäert provozéieren an Zukunft a mir mussen d'UNRWA weider ënnerstëtzen. A mengen Ae muss elo international och eng Reaktioun och zu New York stattfannen, bei der UNO, wou mir mussen zesummekommen, well et ass eng Agence vun der UNO. Am Fong huet Israel decidéiert, dass eng Agence vun der UNO net méi dierf schaffen."

De Xavier Bettelplay_arrow

D’UNRWA wier sécher net perfekt, an et misste Saache geännert ginn, esou de Lëtzebuerger Chef vun der Diplomatie. An noer Zukunft kéint dann awer an de Palästinensergebidder net duerch Bomme gestuerwe ginn, mee vläicht duerch Honger a Krankheet.

De Xavier Bettel reest um Dënschdegnomëtteg an d‘Kriseregioun an den Noen Osten. Do stinn da muer um Mëttwoch Entrevuen zu Jerusalem an Israel, an zu Ramallah am Westjordanland um Programm. 

Et ass dem Xavier Bettel seng 3. Rees fir dëst Joer an den Noen Osten.